[KEY NOT FOUND : wai.to_content]
25/04/2017

Wartung an Ënnerhalt vun de Belrobotics-Méiroboteren

null

Wat kann de Proprietär maachen, fir säi Roboter ze schounen?

Äre Méiroboter ass autonom, en ënnerhält Ären Terrain no enger Programméierung, déi op Basis vun Äre Wënsch an de Besoine vum Terrain festgeluecht gouf.
Trotzdeem musse verschidde Handgrëffer reegelméisseg gemaach ginn, fir datt de Roboter optimal funktionéiert an eng méi laang Liewensdauer huet:

Aus ästheteschen Grënn zéckt net, de Chassis vum Roboter mat propperem Waasser oder Seefewaasser ze wäschen.

Brauch et en Ënnerhalt um Enn vun der Saison a u wien muss ech mech dofir wenden?

E Méiroboter brauch, grad wéi en Auto, en alljäerlechen Ënnerhalt.
Well d’Roboteren tëscht 5000 km an 8000 km am Joer zeréckleeën, musse si vu Professionnellen ënnerhale ginn.
Dësen Ënnerhalt geschitt no engem detailléierte Wartungsplang.
De Roboter gëtt ofmontéiert, kontrolléiert, gebotzt an e puer Deeler ginn automatesch gewiesselt.
D’Software gëtt aktualiséiert an d’Radmotore gi geschmiert.
D’Elektronik, d’Sonaren an d’Verkabelung ginn iwwerpréift.

Wend Iech un ee vun de villen Händler vu Belrobotics fir dësen alljäerlechen Ënnerhalt oder bei deem klengste Problem.

Wou soll ech de Roboter iwwer de Wanter lageren?

De Roboter, deen net benotzt gëtt, gëtt op enger Plaz gelagert, déi virum Fräi a virun der Fiichtegkeet geschützt ass. Virun enger Rouphas ze maachen:

D’Luedstatioun ka baussen bleiwen, wann d’Stroumversuergung bestoe bleift.

Fir méi Informatiounen zu dësem Thema zéckt net, d’Équipe vu Belrobotics ze kontaktéieren. Mir sinn fir Iech do!