[KEY NOT FOUND : wai.to_content]
06/07/2023

Wat mécht d’Langlebegkeet vun de Belrobotics-Méiroboteren aus a wéi ënnerhält een se am beschten?

Mir sinn eis all bewosst, wéi wichteg et ass, eisen Offall ze reduzéieren. Vill Organisatiounen a Regierunge schaffen an dës Richtung. Wéi zum Beispill Frankräich, dat en eegenen Index entwéckelt huet: den Reparéierbarkeetsindex. Hie mécht et méiglech, d’Haltbarkeet vun enger ganzer Rei Objeten ronderëm eis ze moossen. D’Belrobotics-Roboteren goufe viru Kuerzem getest a kréien eng bal perfekt Nott: 9.8/10.

null null

Dir hutt et verstanen: eis Méiroboteren sinn déi am beschte reparéierbar um Maart. Dësen Reparéierbarkeetsindex bestätegt, wéi einfach e Benotzer Zougang zu Informatiounen an Ersatzdeeler kritt a Reparaturen duerchféiere kann. Eng gutt Reparéierbarkeet hëlleft also, d’Quantitéit un elektroneschem Offall ze reduzéieren. Dir maacht eppes fir d’Ëmwelt a vermeit zur selwechter Zäit onnéideg Ausgaben.

Wat ass de Reparéierbarkeetsindex?

A Frankräich ass de Reparéierbarkeetsindex en Instrument, dat agefouert gouf, fir d’Kreeslafwirtschaft ze förderen an d’Keefer besser z’informéieren. E gehéiert zum Gesetz géint d’Verschwendung. Zënter Januar 2021 gouf dësen Index op verschidde Kategorien vun Elektro- an Elektronikapparater ausgedeent. Elektresch Wuesméimaschinnen a Méiroboteren gehéieren derzou.

D’Nott geet vun 1 bis 10. Wat d’Nott méi héich ass, wat de Produit méi einfach ze reparéieren ass. Hei ass d’Lëscht vun de Critèren, déi gepréift ginn:

Duerno kommen nach spezifesch Critèren derbäi, déi mat der Kategorie zesummenhänken. Hei sinn d’Punkten, op déi bei Méiroboteren opgepasst gëtt:

Firwat kréien d’Produkter vu Belrobotics d’Nott 9.8/10?

Belrobotics ass natierlech geéiert vun dëser bal perfekter Nott. Mir schaffen haart um Aspekt vun der Reparéierbarkeet. Dat ass iwwregens zënter jeeër en Zil, dat am Mëttelpunkt vun eiser Strategie steet.

D’professionell Méiroboteren vu Belrobotics si fir eng maximal Haltbarkeet konzipéiert. Eng wichteg Konditioun, fir hir Missioun z’erfëllen: Terrainen op grousse Flächen perfekt ze méien. Eist Wonnerrezept?

Sech fir e Produit vu Belrobotics entscheeden, heescht Zouverlässegkeet wielen. Dir kënnt op eisen effikassen After-Sales-Service an eis moderne App fir Méiroboteren zielen. Mir këmmeren eis ëm eise Vertriibsnetz. Eis Händler profitéiere vum selwechten Niveau u Know-how. Vun der Informatioun bis zur Installatioun an zum Ënnerhalt. Loosst Iech vun den Erfarungsberichter an eise Videoen inspiréieren.

Als Professionneller zielt Dir permanent op eng optimal Méiqualitéit. Bei enger Pann ass d’Zil, d’Ausfallzäit vun enger Méimaschinn ze limitéieren. Belrobotics innovéiert dofir all Dag, fir Iech en Top-Reparéierbarkeetsindex ze garantéieren.

Wéi profitéiert een am beschte vun dësem Reparéierbarkeetsscore?

Är Roboteren regelméisseg a korrekt z’ënnerhalen, soll Är Prioritéit sinn. D’Materialien, aus deenen eis Roboteren bestinn, si robust a brauchen en alljährlechen Ënnerhalt vun engem Fachmann.Eng gutt Geleeënheet, fir d’Software vun Ärem Méiroboter ze aktualiséieren, fir 100% vun all senge Funktiounen ze profitéieren.

Tipps fir Äert Material ze schounen:

Tipps fir Ären Terrain:

Wann op Ärem Terrain vill Äscht oder aner Reschter leien, kënnen d’Messer vun Ärem Méiroboter virzäiteg beschiedegt ginn. Passt also op, datt Dir se vun Ärem Terrain ewechmaacht. Dat selwecht gëllt, wann Dir Lächer an Ärem Wues feststellt. Mir roden Iech, se zouzemaachen oder als Zon ze programméieren, déi vermidde gëtt. Är Méimaschinn kéint soss do hänke bleiwen. Last but not least: lagert Äre Roboter op enger Plaz, déi en virum Frascht an der Fiichtegkeet schützt.

Hutt Dir Froen zu eise Produkter oder hirer Haltbarkeet? Kontaktéiert eis oder liest d’Artikelen op eisem Blog iwwer professionell Méiroboteren. Do waarden Erfarungsberichter a Fallstudien aus dem Golf, dem Fussball an der Gestioun vu Gréngflächen op Iech.