Si Méirobotere sécher?
Déi verschidde Sécherheetssystemer vun de Belrobotics-Méirobotere
Sonar
E Sonarsystem erlaabt et dem Roboter, d'Präsenz vu Persounen oder Déieren an och Objeten no bei sengem Parcours z'erkennen (ënnert der Konditioun, datt d'Hindernis mindestens 50 cm héich ass an en Duerchmiesser vun 10 cm huet). Den Alarm vum Sonar suergt direkt dofir, datt de Roboter méi lues fiert.

Stousssensoren
Scho beim éischte Kontakt mat engem Hindernis bleift de Méiroboter stoen a wiesselt d'Richtung. Déi sensibel Kontaktleescht erlaabt eng séier Reaktioun, an dat souguer bei engem ganz liichte Kontakt. De Roboter ass also fäeg, ouni mënschlechen Agrëff ëmzedréinen.
Ophiewesensoren
Wann de Roboter opgehuewe gëtt, ginn d'Ophiewesensoren automatesch ausgeléist an d'Schnëttkäpp héieren op ze dréinen. Wann dat duerch e mënschlechen Agrëff verursaacht gëtt, bleift de Méiroboter direkt stoen; wann en Hindernis d'Ursaach ass, manövréiert de Roboter, fir weider méie ze kënnen.
Déi zréckzéibar Messere vun de Belrobotics-Robotere

Sécherheet steet am Mëttelpunkt vun der Konzeptioun vun de Belrobotics-Méirobotere. Si ass ënner anerem Géigestand vun engem spezifesche Patent fir hir Schnëttmesseren. Dës zéie sech automatesch zréck, wa se mat Objete a Kontakt kommen. Resultat: Accidenter ginn op e Minimum reduzéiert (eng eventuell Blessur duerch de Roboter wier héchstens eng Schnëttwonn an net en ofgeschniddent Glidd) an d'Messere vum Roboter bleiwen intakt. Schutz a Sécherheet si komplett optiméiert, an dobäi gëtt en einwandfräit Méie garantéiert. Bedenkt, datt d'Unzuel vun den Accidenter an hir Schwéierecht vill méi kleng sinn wéi bei Rasentrakteren.

Muss een trotzdeem Virsiichtsmoossname huelen?
Et gëtt dréngend recommandéiert, de Wues vun allen Objeten ze befreien (wéi Spillsaachen oder sperreg Äscht) a Kanner an Déieren vum Roboter ewechzehalen, wann en ënnerwee ass. Schlussendlech ass et Kanner a Persoune mat agschränkte kierperlechen, sensoreschen oder mentale Fäegkeeten net erlaabt, de Roboter oder d'Luedstatioun ze manipuléieren. Ausserdeem muss de Benotzer sech mat der Notzung vum Roboter vertraut gemaach hunn.
Kontaktéiert eis Équipe vu Professionneller fir all aner Froen.